svnee / Depuwatch

Dépuwatch - kuck dengen Députéiert of d'Fanger!
http://depuwatch.sven.lu
1 stars 0 forks source link

Favourite Button #23

Closed ghost closed 13 years ago

ghost commented 13 years ago

Eng Idee, vläit ass et jo net ze komplizéiert :)

Bei all Dossier (z.B. http://depuwatch.sven.lu/texts/387) kënnt en Icon wou d'Leit kënnen drop klicken wann den Dossier interessant ass. Bei 10 Klicks/Woch (o.ä - ouni IP Späicheren oder cookies) ass den Dossier "favourite". Dann gëtt iwwerall wou d'Nummer vum Dossier optaucht e klengen Icon hannen dru gesaat. An op der éischter Säi ass den Top10 vun den Favourite Dossiéën.

De Virdeel wier, dass een schnell kann interessant Dossiéë fannen. Bislo kann een dei just mam Titel erkënnen, an ausser dem Budget ass dat net ëmmer offensichtlech (z.B. Vorratsdatenspeicherung). Plus e bessen Interaktivitéit ass nie schlecht :)

svnee commented 13 years ago

Komplizéiert ass et net, mee wei wells de verhenneren, datt een e puer mol op den nämleschten Dossier klickt?

ghost commented 13 years ago

Guer net :) Dofir wier d'Formel do, mir zielen just bis eng gewëssen Grenz. Wann en Dossier iwwer 20 Clicks pro Woch kënnt ass en Favourite, 100/Mount ass e Favourite. Bei manner fällt e raus, bei méi ass egal. Sou bleiwt dat ganzt dynamesch. Natierlech kann lo een sech amüséieren an all Dossier 100 mol klicken, ma bon, dann géif en och IP Adresse wiesselen oder Cookies läschen wann en dat onbedéngt wëll beaflossen.

Iwwer d'Grenzen kann een natierlech diskutéieren, je nodeems wéiffil User een erwaard.

svnee commented 13 years ago

Solle mer net einfach dei 5 Dossieren / Woch huelen dei di meeschte Klicks an den läschten 7 Deeg kruuten an och di 5 Dossieren / Mount dei di meeschte klicks innerhalb vun 30 Deeg kruuten?

ghost commented 13 years ago

Problem ass et kann een och op eng Dossier Säit kommen wann een e bestëmmten Dossier sicht. Wanns du mengs, dat géif sech awer a Grenzen haalen, dann kënne mer o sou man!

svnee commented 13 years ago

Nee, ech schwätzen vu gezielten klicks ;) also de button jo, mee eben net ab enger gewesser zuel, mee einfach di X meeschten. Wier vläit méi einfach!

ghost commented 13 years ago

Ah du mengs ouni de Plafong? Jo dat ass ok, ass jo da just eng Fro vun der Formel!

svnee commented 13 years ago

Okay, da kucken ech fir esou eppes anzebauen, kanns du mer da w.e.g. schons iergendwou den vote-button abauen, ech verlinken deen da richteg :P

ghost commented 13 years ago

Man ech, kann awer daueren, hu just mäi Laptop mat an d'Vakanz ;) Icon kann ech scho maachen...

svnee commented 13 years ago

Bauen et an subal ech mer eng Iddi gemach hu wou genau. Mol kucken wat mer do afällt ;) Bastelen awer mol schons de code hannendrun

ghost commented 13 years ago

Meng Idee war bei den Dossiéen ënnert de Vote riets: http://depuwatch.sven.lu/texts/365. Alternativ lönks nieft den Titel. An den Tabellen den Icon mhallef sou grous man an nieft den Dossier Nummer. Ma wanns de eppes besseres fënns ;) Am bäschten du sëtz en an en Div an ech kucken dann mam Design :)

ghost commented 13 years ago

fav.gif

svnee commented 13 years ago

Dauert vläit nach e bessen, sin nach um iwwerleen wei ech et am cleversten späicheren :P

svnee commented 13 years ago

et gett elo gespäichert ;) muss ee just nacho op der index uweisen, mee dat ass hei net mi relevant, dofir ~closed~